Récits de Voix - Porteurs de Mémoire

natasha ehrmann
Et sinn Témoignage vu Mënschen déi Lëtzebuerg hu misste verlossen, oder nom Krich aus anere Länner op Lëtzebuerg komm sinn.
 
All hu se gemeinsam dass se déi Zäit iwwerlieft hun, an haut nach liewen.
 
Survivant’en déi haut tëschent 78 a 97 Joer aal sinn, a wärend de Nazi Persekutiounen Kanner woren ; Kanner déi verstoppt, verroden, deportéiert, inhaftéiert a gerettt gi sinn. 
 
Récits de Voix – Porteurs de Mémoire gëtt dëse Mënschen eng Stëmm an d’Geleeënheet dat Onausdrécklecht ze verzielen, ze erënneren, ze warnen, nodeems si dat Schlëmmst iwwerlieft hunn - Flucht, Klandestinitéit, Diskriminatioun a Konzentratiounslager.

Mat der Ënnerstëtzung vun der
Fondation Mazalbert - ënnert der égide vun der Fondation de Luxembourg
An dem Comité Auschwitz Luxembourg