Récits de Voix - Porteurs de Mémoire / Episode 4 - Robert Simon
2024-11-21 25 min
Description & Show Notes
Schonn am Fréijoer 1933 haten d’Nazien iwwert eng grouss Propaganda Campagne e Boykott géint jüddesch Geschäfter, Doktesch Praxissen, an Affekote Büroen ordonéiert. De “Geschäftboykott” a markéiert den Iwwergang op eng staatlech gelenkten antisemtitesch Verfollegung a Verdreiwung. Deemools wore nach 525.000 Judden an Däitschland.
Dorënner och de Robert Simon a seng Famill. Si hu1935 Wiesbaden a Richtung Esch verlooss, matten an engem Klima wou rassistesch Gesetzer agefouert gi woren, déi de Geflüchten hir Rechter an hir Nationalitéit ofgeholl hunn.