Récits de Voix - Porteurs de Mémoire

natasha ehrmann

Récits de Voix - Porteurs de Mémoire - Série 2 / Bernard & Robi Gottlieb

2026-02-20 43 min

Description & Show Notes

Nodeems d'Témoin'en vun der Shoah hiert Erliewe verzielt hunn, interesséiert d'Série 2 sech fir déi sougenannten zweet Generatioun, de Nokomme vun den Iwwerliewenden.

An de 1960er Joren hu Kanner vun Holocaust Iwwerliewenden ugefaangen der Fro nozegoen, wat et bedeit Kand vun engem Témoin ze sinn. Vill ënnert hinnen hate Scholdgefiller, an d'Gefill den Echo vun deem wat hier Famill erliewt huet ze droen.
Séier, sinn Austausch- a Support Gruppen uechtert Welt gegrënnt ginn, an déi betraffe Persoune konnten iwwer hier Erfarunge vun Angscht, Trauer an Depressioun schwetzen.
Am Kontext vun där Generatioun déi den Trauma deen hir Famill ni ausgedréckt huet mat sech dréit,
Agëtt an der Psychologie vun inter- oder transgenerationellem Trauma geschwat.

Déi nächst Episode vum Podcast ginn där Trauma Iwwerdroung no - iwwer Témoin'en vun der zweeter Generatioun. 
Am éischten Episod héiert dir de Bridder Bernard a Robi Gottlieb hir Geschicht.

Give us Feedback

Merci fir all Feedback an Ureegung!

By clicking on "Send message", you agree that we are allowed to process your contact information for the sole purpose of responding to your inquiry. The form processing is handled by our Podcast Hoster LetsCast.fm. You can find more information on their Privacy page.

★★★★★

Do you like this Show?
Give us five stars on Apple Podcasts