Récits de Voix - Porteurs de Mémoire / Trailer Episode 7 - Arthur Sidney Ehrmann
2025-04-04 1 min
Description & Show Notes
Am März 1933 ass d’Nazi Partei un de Pouvoir komm, deemools hunn zu Frankfurt eng 26000 Judde gelieft. Dorënner och meng Ur-Grousselteren, mat hire 4 Kanner.Am Mäerz 1933 ass d’Nazi Partei un de Pouvoir komm, an huet e Fändel mam Hakekräiz iwwert d’Ratshaus hisséiert. Fir Judde sollt et keng Platz méi ginn an Däitschland. Jüddesch Entreprisen a Fräiberuffler si boykottéiert ginn, an et sinn antisemitesch Gesetzer agefouert ginn.
Dat ass dee Moment wou mäi Grousspapp, den Arthur Sidney Ehrmann, mat 28 Joer, decidéiert huet ze flüchten, bis op Paraïs. Ouni Nationalitéit, an als Judd, mam But sech als Resistenzler ze engagéieren a géint d'Nazien unzekämpfen - bis zu sengem Doud.